Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Episode's summary

"Sterne glänzend im angebissenen Apfel" aus dem Wallstein Verlag spigelt de Bréifwiessel erëm, tëschent dem Peter Handke an dem däitschen Diplomat an Dichter Manfred Osten. Zwee géigesätzlech Charakteren treffen hei op eneen, bleiwen awer trotz esou muncher Differenzen iwwert Joerzéngten a Kontakt. Wat sech aus dëser Korrespondenz ergëtt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.

Episodes

5913-

"Sterne glänzend im angebissenen Apfel"

"Sterne glänzend im angebissenen Apfel" aus dem Wallstein Verlag spigelt de Bréifwiessel erëm, tëschent dem Peter Handke an dem däitschen Diplomat an Dichter Manfred Osten. Zwee géigesätzlech Charakteren treffen hei op eneen, bleiwen awer trotz esou muncher Differenzen iwwert Joerzéngten a Kontakt. Wat sech aus dëser Korrespondenz ergëtt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.

27 Oct 2026
5912-

D’Vuë vu 45 Kënschtler:innen zum Theema “Ruin” an der Escher Konschthal

De leschte Freideg war an der Escher Konschthal de Vernissage vun der Expo “Ruin Echoes”. Multidisziplinär zäitgenëssesch Aarbechte vu 45 Kënschtler:innen bidde keng romantesch oder nostalgesch Vuen op d’Vergaangenheet: Et handelt sech ëm gesellschaftskritesch Analyse vu Monumenter, vum urbanistesche Raum als Spannungsfeld. Dat, wat vläicht fir d’Éiwegkeet geduecht war, léisst sech no an no op. Allerdéngs gesinn en etlech Kënschtler:innen d’Dekonstruktioun och als Neiufank. An dozou wollt d’Kerstin Thalau vum Curateur vu “Ruin Echoes”, de Christian Mosar, Direkter vun der Escher Konschthal, méi gewuer ginn.

27 Oct 2026
5911-

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

27 Oct 2026
5910-

Sophie Calle - Onfaerdeg ...

Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.

26 Oct 2026
5909-

Juli Zeh – Pony Show

An hirem neie Roman „Pony Show“ hëlt déi renomméiert däitsch Schrëftstellerin Juli Zeh d‘Lieser:inne mat op d‘Geriicht. Ner iwwerraschend, d'Juli zeh selwer ass Juristin. Hei geet et awer ëm méi wéi just eng Gerichtsaffär, D‘Valerija Berdi huet „Pony Show“ gelies. De Roman ass am Luchterhand Verlag erauskomm.

26 Oct 2026